„Ob du denkst, du kannst es oder denkst, du kannst es nicht – du wirst auf jeden Fall recht behalten!“ Henry Ford

Bonjour, schéin, dass Dir den Wee ob meng Website „Zefriddenheetsanker“ fonnt huet.

Wann Dir wëllt géif ech Iech gären dobai ënnerstëtzen dat Liewen ze liewen dat Dir Iech wënscht an och verdéngt! Eis Gedanken hunn een onheemlech groussen Afloss op eist Wuelbefannen, dat ass villen Mënschen „nach“ net bewosst. An Gedanken kann een beaflossen, an ech kann Iech ënner anerem weisen, wéi!

An den Eenzelsëtzungen notzen ech gären verschiddenen Techniken aus der Psychotherapie (Verhalenstherapie), Sportpsychologie an aus dem Coaching, déi an der Kategorie „Methoden“, kuerz beschriwwen ginn. D´Offer riicht sech un Erwuessener, Persounen iwwer 18 Joer.

Dir kennt mech gären iwwer Telefon ënner: +352 621 66 42 11 oder iwwer E-Mail: moien@zefridden.lu kontaktéiren.

Ech géing mech immens freeën Iech kennenléieren an ënnerstëtzen ze dierfen!

Häerzlech Gréiss,
Hoffmann Katrin