D´Liewen stëllt eis ëmmer erëm Erausfuerderungen, heiansdo ass alles ze vill, an et entstinn Probleemer. An et ass absolut okay an och unzeroden sech Hëllef ze huelen, well Dir huet et verdéngt een glécklecht an zefriddend Liewen ze liewen! Hei sinn een puer Beispiller, bei deenen ech Iech gären ënnerstëtzen géif:

  • Alldagsprobleemer, wéi z.B. Stress oder Probleemer op der Aarbecht
  • Onzefriddenheet mat sech, mat sengem Liewen
  • Liewenskrisen
  • Depressiounen / Burnout
  • Ängschten
  • Schloofstéierungen
  • Chronesche Wéi

W.E.G. maacht Iech bewosst, dass et absolut an der Rei ass sech Hëllef ze huelen, dat ass een Zeechen vun Stäerkt! Esou vill mir wëssen hun mir just een Liewen, dofir sollten mir et esou gutt et geet no eisen Virstellungen gestalten kënnen. D´Liewen ass ze kuerz fir onglécklech ze sinn. Wat mengt Dir dozou?