Wann Dir Iech fir een Rendez-vous bei mir entscheed kënnen mir zesummen kucken, wéi eng Techniken, wéi eng Kombinatioun vun Techniken Iech am beschten hëllefen kéinten. Ech géing mech immens freeën Iech ënnerstëtzen ze dierfen!

Psychotherapie

Ech sinn kognitiv Verhalenstherapeutin, dofir schaffen ech haaptsächlech mat verhalenstherapeuteschen Techniken. Kognitiv Verhalenstherapie (VT) ass eng Schoul vun der Psychotherapie. Dei Techniken dei dobäi zum Asaz kommen sinn durch verschidden akademesch Studien als wirksam beluecht ginn. Kogntiv Verhalenstherapie beschäftegt sech haaptsächlech mat den aktuellen Probleemer vun enger Persoun. An den Patient sicht zesummen mam Therapeut, Léisungen fir eng Verbesserung vun der allgemenger Liewensqualitéit vum Patient ze erreechen. Psychotherapie kënnt haaptsächlech zum Asaz bei psychischen Erkrankungen, wéi z.B. Depressiounen.

Sportpsychologie

Sportpsychologie zielt op d´Aarbecht mat Sportler, Leeschtungssportler an Breetensportler (Fräizäitsportler), of. Ech perséinlech konzentréieren mech eischter op Leit déi den Sport maachen oder maachen wëllen fir hir Gesondheet ze erhalen oder ze verbesseren. Des Techniken kann een bei villen verschiddenen Probleemer ansätzen, an eng Verbesserung erreechen.

Hypnos

Hypnos ass eng sécher Methode déi hëlleft effektiv an schnell Verbesserungen vun ënnerlechen Zoustänn ze erreechen. An der Sëtzung huet dir déi ganzen Zäit Kontroll doriwwer wat geschitt. Dir sidd kierperlech entspaant awer ënnerlech hellwakereg.

Coaching

Beim Coaching kann een och all Techniken aus denen anneren Gebidder vun der Psychologie, Psychotherapie, Sportpsychologie an Hypnos notzen. Dat och, wann keng psychisch Erkrankung virleit. Ech sinn der festen Meenung, dass all Mënsch vun engem Coaching profitéiren kann, well praktesch jidderen Saachen an sengem Liewen änneren kann, wou durch heen dann seng Liewensqualitéit erhéichen kann.

Verschidden Entspanungsmethoden

Dozou gehéieren Techniken wéi z.B. Achtsamkeit, Imaginatiounsübungen an Progressiv Muskelrelaxatioun nach Jacobsen (PMR).

Schweigepflicht

Alles wat mir zesummen beschwätzen ënnerläit der Schweigepflicht.

Aktuelles

Beweegen fir déi mental Gesondheet

Ganz nom Motto „zesummen beweegen fir déi mental Gesondheet“ ginn reegelméisseg gratis Spadséiergäng ugebuedenen. An der Ëmgéigend vun Dikrech oder Miersch. Déi genau Adress kritt Dir dann per E-Mail geschéckt. 

Et ginn schonn vill Beweiser dofir, dass déi psychesch Gesondheet duerch Beweegung positiv beaflosst gëtt, an mir wëssen, zesummen ass et souwisou méi flott. 

Jiddereen den well an sech fit genuch fillt fir ongeféier 50-60 Minutten (3-4 km) spadséieren ze goen ass häerzlech agelueden dobäi ze sinn. Falls Dir Interesse huet, dann mellt Iech gären per E-Mail: moien@zefridden.lu

Entspanung

Zu Mëllerëf fannen reegelméisseg Entspanungscouren an Achtsamkeetscouren statt.

Fir méi Informatiounen w.e.g. eng E-Mail op moien@zefridden.lu schécken.

Alternativ zu der Praxis

Eenzelcoaching an der Natur (Ëmgéigend Dikrech oder Miersch) ass och méiglech, bei Interesse gären einfach mellen per E-Mail: moien@zefridden.lu